Comment on Efalt's profile

Syltorian's avatar
Vilmools merci fir d'Favoriséieren vun der Photo vum Arts et Metiers! :D (Big Grin)
Efalt's avatar
Gär geschitt. Duercht nie, dass irgendeen fotographie fun menger shoul an seng gallerie setzt :la:
Syltorian's avatar
Et ass wuel eent vun deene schéinste Lycéen an der Stad. Nët dass se bei eis vill esou Gebäier stoe gelooss hun! Alles modern Bauten, elo.
Efalt's avatar
Genee. Ech gesinn fill plaazen wou se aal gebeier einfach opkaafen an dann oofrappen fier residencen ze bauen. Et ass schued, well fill sinn awer nach relativ an der rei gewiercht (fun baussen mol) Mee metlerweil ass et net mei sou, dass se aal gebeier "recycleieren" an deem se shoulen, bureauen, etc dranner bauen. Renovatioun ass fillaicht ze deier oder et renteiert sech einfach net mei.
Ech mengen awer, dass dat gebei fum LTAM och mettlerwil enner denkmalschutz steet.
Syltorian's avatar
Ech fäerten, ët ass ganz vill d'Iddi dass mer mat alle Käschten musse modern sin - 'raus mam ale Butteck, ass d'Devise. Ma dass et och anescht geet, weisen se jo mam Fënsterschlass an der Rue Aldringen, do gët d'Façade stoe gelooss, an bannendrann gebaut.

Ech ging och soen, dass dat Gebäi vum LAM (elo jo ouni T!) ënner Denkmalschutz steet. Zumindest hoffen ëch ët, ier een op eng domm Iddi kënnt.
Efalt's avatar
Ech mengen et sinn e puer plaazen wou se dat schon gemaach hunn.
An ech erenneren mech et gesinn ze hunn um wee fier an staat. Do waar io emmer alles mat Plakater zougepescht gewiercht. Dat aalt Spuerkees gebei ass io och fort. Wierkt alles sou eidel. Deck ongewinnt.

Ah io, den LAM. Fier mech bleiwt et awer emmer den LTAM. Se hunn io alles geännert gehaat zenter den Uelzecht Lycée mat hinnen fusionieret huet. Sou emstellungen sinn emmer komesch.
Syltorian's avatar
Jo: op der Eecher Plaatz ass och esou e Gebäi, wat se stoe gelooss hun. An d'ARBED gët jo och nët oofgerappt.

Et wäert fir vill vun eis den LTAM bleiwen. Sou wore mer et jo gewinnt. Dat gëtt dann flott, wann déi nei Generatioun nët méi weess, wat dat war! Den UELL deet mer schon e besse leed, do hun se just hiere Lycée organiséiert, a schwups, gët deen dem LAM zougeschloen.
Efalt's avatar
D'ARBED's gebei gouf io fun der spuerkees opkaaf (soufill wei ech gesinn hun lol) Mee ech mengen och wann keen et wierklech iwwerholl hätt, ofgerappt hätten se et trozdem net.

LTAM heiert sech och einfach besser un. Mee ech mengen et war sou am gerspreich, dass sech ze fill leit beim LTAM ungemällt hätten an am UELL fill ze weineg. Fier et dann auzegleichen hunn se sech dann entscheet et op dei 2 opzedeelen.
View all replies